02/10/2026
🏡 Wat ass d’Chance, datt zwee Haiser direkt niewenteneen bal zur selwechter Zäit en neie Proprietär fannen?
Zu Krautem ass genee dat geschitt. 🔑
Zwee Haiser. Zwee Noperen. Zwou ganz verschidden Geschichten.
Fir déi eng war et eng Plaz voller Erënnerungen, Momenter a Joren, déi een net einfach an eng Annonce pake kann. Fir déi aner ass et elo déi Plaz, wou eppes Neies ufänkt.
An haut steet bei béiden Haiser: VERKAAFT.
Dat sinn déi Momenter, déi mech ëmmer nees drun erënneren, datt beim Verkaf vun enger Immobilie vill méi um Spill steet wéi just e Präis pro Quadratmeter.
Fir de Proprietär geet et ëm Vertrauen, Ëm d’Fro ob de Präis richteg ass, Ob dee richtege Keefer fonnt gëtt an Ob een déi richteg Entscheedung trefft.
A genee do fänkt meng Aarbecht un.
Net beim Online-Setze vun enger Annonce, mee beim verstoen, wéi eng Geschicht, wéi ee Potenzial a wéi eng Strategie hannert enger Immobilie stécht.
Zwee Haiser niewenteneen sinn elo verkaaft. Mee vläicht fänkt déi nächst Geschicht nëmmen e puer Dieren méi wäit un. 👀
Dir wëllt wëssen, wat är Immobilie um aktuelle Marché wierklech wäert ass, a wéi een dat Bescht aus dem Verkaf eraushuele kann?
Dann schéckt mir eng Noriicht oder rufft mech gären un an ech kucke mir Är Situatioun individuell un a weisen Iech, wéi ech Är Immobilie um aktuelle Marché positionéiere géif.