14/10/2026
Gutt Projeten entstinn, wann all zesummen an déi selwecht Richtung zéien.
Mat Teamgeescht, Vertrauen an engem gemeinsamen Zil hu mir d’Sportshal zu Dummeldeng a just 12 Méint fir d’Ville de Luxembourg realiséiert.
E Projet vun dëser Gréisst geléngt nëmmen, wann all Bedeelegt oppen zesummeschaffen a sech openee verloosse kënnen. Genee dat hu mir mat der Ville de Luxembourg erlieft. E grousse Merci un de Ben Moes an dat ganzt Team fir d’Vertrauen, de konstruktiven Austausch an déi agreabel Zesummenaarbecht. Merci och dem Architekturbüro ARCO an BEST Ingénieurs. Bei Jans huet de François Lafontaine de Chantier koordinéiert a geréiert.
Mir si stolz op dat, wat mir zesumme geleescht hunn, a freeën eis op vill weider spannend Projeten!